Aktualiséiert den
Cellule de facilitation urbanisme et environnement
D'Cellule de facilitation urbanisme et environnement huet als Zil, d'Geneemegungsprozeduren an de Beräicher vum Urbanismus an der Ëmwelt ze vereinfachen.
Si bitt eng Begleedung beim Ausschaffen vu städtebauleche Projeten un an iwwerhëlt d’Roll vum Interface a Beroder tëschent dem Entwéckler vu Projeten an den ëffentleche Servicer.
Hir Haaptmissioune sinn:
- de staatlechen, kommunalen a privaten Entwéckler eng Hëllefstellung a Berodung am Kader vun de Planungs- an Geneemegungsprozeduren unzebidden;
- déi gemeinsam Entwécklung vu städtebauleche Projeten tëschent ëffentlechen a privaten Acteuren ze vereinfachen;
- d'ëffentlech Bauhären ze begleeden an ëffentlech Wunnengsbauprojeten ze pilotéieren;
- den Austausch tëschent den zoustännege staatleche Verwaltungen an de Bierger ze vereinfachen am Zesummenhang mat staatleche Geneemegungsprozeduren;
- déi besteeënd Gesetzer a Reglementatiounen am Beräich vum Urbanismus, dem Wunnengsbau an der Ëmwelt ze analyséieren an
- Ännerungsvirschléi zu de Gesetzer a Reglementatioune esou wéi strukturell Verbesserunge vun de staatleche Servicer an Administratiounen ze proposéieren.
D'Cellule schafft an direktem Kontakt mat de betraffenen Acteuren (Bauhären, Berodungsbüroen) an den zoustännege Verwaltungen zesummen. Wann d'Cellule mat enger Demande betraut ginn ass, ass si befugt an der Ausféierung vun hire Missiounen:
- sech Abléck an den integralen Dossier ze verschafen;
- d'Mataarbecht vun den zoustännegen Autoritéiten a Verwaltungen unzefroen;
- Reuniounen oder participativ Atelieren mat den zoustännegen Autoritéiten a Verwaltungen anzeberuffen an ze leeden;
- virbereedend Aarbechtssëtzungen bei grousse Projeten, déi d'Zoustännegkeet vu verschidden Autoritéiten oder Verwaltungen betreffen, anzeberuffen.
D'Cellule ass déi zoustänneg Autoritéit fir d'Prozeduren am Kontext vun de "Projects of common interest" (PCI) am Kader vun transeuropäeschen Energieinfrastrukturen. Si vereinfacht a koordinéiert d'Genehmegungsprozeduren déi duerch d'Reglement (UE) n°347/2013 virgesi sinn.
Zousätzlech ass d'Cellule:
- Member vun der Berodungsplattform fir "Plans d’aménagement particuliers" (PAP),
- Partner vum One-stop shop am House of Entrepreneurship,
- an hëlt aktiv un der Integratioun vun de Prinzipien vun der Economie circulaire an de Planungsprozesser deel.