Aktualiséiert den
Landesplanung
D'Landesplanung: Eng Koordinatiouns-, Acceleratioun- a Vereinfachungsroll
Den DATer huet eng koordinéierende, fërderenden a facilitéierende Roll an der nationaler an internationaler Raumentwécklungspolitik. D’Ofkommes fir d'Period 2023-2028 bestätegt dës Koordinatiounsroll, déi den DATer duerch d’Gesetz vum 17. Abrëll 2018 zougesprach gëtt. Déi gesetzlech festgeluechte Mëttel a Ziler sollen d’Ëmsetzung vu konkrete Projeten vum Staat beschleunegen. D’Regierung wëll d'Méiglechkeeten an d'Virdeeler vun der Raumentwécklungspolitik ausschäffen, fir eng besser Gestioun vun ëffentleche Mëttelen, méi effizient Prozeduren an eng méi séier Ëmsetzung vu Projeten z’erreechen.
De "Programme directeur d’aménagement du territoire (PDAT)"
D’Haaptstrategie vun der Raumentwécklung ass am (Programme directeur d’aménagement du territoire (PDAT) definéiert, deen den 21. Juni 2023 vun der Regierung ugeholl gouf. Dëse Programm definéiert d'Leitlinne fir d'raimlech Entwécklung vum Land bis 2035 an 2050. Dräi politesch Haaptziler: Konzentratioun vun der Entwécklung op déi am beschte gëeegent Standuerter, Miniméiere vun der Buedemversigelung, Verstäerkung vun der grenziwwerschreidender Kooperatioun. Zousätzlech formuléiert de PDAT spezifesch Strategien, déi op verschidde Raumtypen zougeschnidde sinn, an identifizéiert Instrumenter an Aktiounen, déi d’Ëmsetzung vun dësen Ziler ënnerstëtzen.
Déi véier primär sektoriell Pläng
Am Kader vum PDAT goufen och véier primär sektoriell Leetpläng (PDS) ausgeschafft, déi zanter dem 1. Mäerz 2021 a Kraaft sinn:
- PSL: Leetplang Wunnraum,
- PST: Leetplang Transport,
- PSZAE: Leetplang wirtschaftlech Aktivitéitszonen, PSP: Leetplang Landschaften.
Dës Pläng reservéiere Fläche fir Wunnen, Transportinfrastruktur a wirtschaftlech Notzung a schützen zousätzlech wichteg Landschaften. Wärend déi am PSP definéiert Landschaften als fix ugesi ginn, kënnen déi aner Pläng ugepasst ginn, fir op verännert Bedierfnesser ze reagéieren. Eng genau Iwwerwaachung vun dëse Pläng gëtt duerch Begleetkommissiounen assuréiert, déi no der Reglementatioun vum 1. Mäerz 2021 organiséiert sinn. Ziel ass et, de Flächebedarf fristgerecht ze alyséieren an, wann néideg, virum Enn vun der Legislatur eng Upassung vun de PDS anzeleeden.
Den "Observatoire du développement territorial (ODT)"
D’Raumbeobachtung ass e Schlësselinstrument vun der Raumentwécklungspolitik an am Gesetz verankert. Si baséiert op enger datengestëtzter an evidenzbaséierter Approche. Mat der Hëllef vun empireschen Donnéeë gëtt d'Politik gesteiert, Transparenz geschaf an d’Vertrauen an d’Decisioune gestäerkt. Instrumenter wéi Raum+ an den Observatoire du développement territorial (ODT) erméiglechen d'Analys vun territorialen Dynamiken an d'Bewäertung vun de politesche Moossnamen.
Déi regional Entwécklung am urbane Raum
An de stättesche Raim ginn d'regional Entwécklung a Kooperatioun mat den Agglomeratiounen Nordstad, Agglo-Centre a Prosud ëmgesat. D’Kooperatiounsaccorden ënnerstëtzen e flexibelen a konkreten Entwécklungsprozess, baséiert op interkommunalem an interministeriellem Austausch.
Déi regional Entwécklung am ländleche Raum an a Naturparken
Am ländleche Raum si virun allem d’Naturparken déi zentral Entwécklungsinstrumenter. Territorial Kooperatiounsaccorde mat ländlechen a net-ländleche Gemengen hëllefen dobäi, gemeinsam Strategien z'entwéckelen an d’Ëmsetzung vu konkrete Projeten z’erméiglechen.
Déi grenziwwerschreidend territorial Kooperatioun/Zesummenaarbecht
D’grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht ass essenziell fir Lëtzebuerg, wéinst der staarker wirtschaftlecher Verflechtung mat de Nopeschregiounen. De PDAT betount d'Noutwendegkeet, d’Koordinatioun an d’Zesummenaarbecht iwwer d’Grenze fortzeféieren an ze stäerke. Déi grenziwwerschreidend Funktiounsraim, déi am PDAT an am Interreg-Programm definéiert sinn, bidden eng Basis fir déi grenziwwerschreidend territorial Kooperatioun. Lëtzebuerg ass u 7 sou Funktiounsraim bedeelegt, dorënner Lëtzebuerg-Wallonie Nord a Süd, d'Dräilännereck Eifel-Ostbelgien-Éislek an d’Géigend vun de Naturparken. An dëse Regioune ginn d’Governancestrukturen ausgebaut an d’Ëmsetzung vu Projeten ënnerstëtzt, och finanziell, wa se an d’Kompetenzberäicher vum DATer falen. Fir déi Gebitter, déi nach an der Opbauphas sinn – wéi d’Zone Lëtzebuerg–Wallonie Nord a Süd, d'Dräilännereck Eifel–Ostbelgien–Éislek souwéi d’Regioune vun de Naturparken – geet et drëms, déi néideg Gouvernance-Strukture auszeschaffen an z’ënnerstëtzen. Dat betrëfft souwuel d’Finanzéierung wéi och d’personell Opstellung vun den zoustännege Verwaltungen. Wat d’Ëmsetzung ugeet, ass et wichteg, d’Entwécklung vu konkrete Projeten an dëse Gebidder ze begleeden an z’ënnerstëtzen – inklusiv finanziell – wann dës an de Kompetenzberäich vun der Landesplanung falen.
Déi europäesch territorial Kooperatiouns- an Kohäsiounspolitik
Op europäeschem Niveau iwwerhëlt den DATer eng wichteg Roll als Gestiounsautoritéit vum ESPON-Programm (Observatiounsnetz fir Raumentwécklung) an dem Interreg-Programm Groussregioun. Domat dréit si Verantwortung fir d’Koordinatioun an d’Ëmsetzung vu grenziwwerschreidende Programmer. Den DATer ass och zoustänneg fir d’Koordinatioun vum territoriale Plang fir eng gerecht Transitioun a fir seng Ëmsetzung am Kader vun de Fonds structurels et d’investissement européens (ESIF) zu Lëtzebuerg. Wat d’Stadpolitik ugeet, ginn d’Leipzig-Charta an déi Nei Leipzig-Charta op nationalem Niveau iwwer d’CIPU ëmgesat an duerch Participatioun un URBACT, der „European Urban Initiative“ an dem „New European Bauhaus“ ergänzt. D’Zil vun der europäescher territorialer Kohäsiounspolitik ass et, d’Territorial Agenda 2030 och zu Lëtzebuerg weider ëmzesetzen.