De Ministère

De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.

Wunnengsbau

Den Departement fir Wunnengsbau ass fir d'Ëmsetzung vun der allgemenger Politik vum Wunnengsbau zoustänneg. Duerch eng Rei Hëllefsprogrammer fir d'Bierger an d'Begleedung vun de Gemengen an den ëffentlechen a privaten Akteuren bei der Realisatioun vu bezuelbare Wunnprojeten, garantéiert den Departement fir Wunnengsbau den Accès zu engem ugepassten an abordabele Wunnraum fir jiddereen.

Zu den Moossnamen an Instrumenter déi ëmgesat ginn, gehéieren ënner anerem follgendes:

Landesplanung (DATer)

D'Departement fir Landesplanung (DATer) vum Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung huet d'Aufgab, d'territorial Auswierkunge vun de sektorale Regierungs- a Gemengepoliticken ze koordinéieren. E schafft zesumme mat de kommunalen Acteuren, fir d'sozio-ekonomesch Entwécklung mat dem Ëmweltschutz an dem Schutz vun de natierleche Ressourcen an Aklang ze bréngen.

Zil ass et, d'Landschaften z'erhalen, d'spezifesch Stäerkte vun enger Regioun ze fërderen an eng rationell Notzung vum Buedem souwéi eng Koordinatioun vun den Ufuerderunge fir d'Flächennotzung ze garantéieren.

D'Zil vun der Landesplanung ass et, der Bevëlkerung duerch eng nohalteg a viraussiichtlech Planung vun der regionaler Entwécklung optimal Liewensbedingungen ze bidden. Dobäi geet et drëm festzeleeën, wéi d'raimlech Entwécklung gerecht a gläichméisseg iwwert d'ganz Land verdeelt ka ginn – mat engem spezielle Fokus op d'Prinzippie vun der Nohaltegkeet a Resilienz.

Fir dëst z'erreechen:

  • entwéckelt den DATer territorial Strategien (Programme directeur d'aménagement du territoire (PDAT), territorial Visioune fir d'Aktiounsraim déi am PDAT definéiert sinn);
  • observéiert a begleet si d'territorial Entwécklung (Observatoire du développement territorial, Raum+, Geografescht Informatiounssystem); 
  • erstellt si reglementaresch Pläng (Plans directeurs sectoriels (PDS), plans d’occupation du sol (POS));
  • koordinéiert si Projeten am Beräich vun der regionaler Entwécklung, Stadpolitik, Naturparken an urbanen a peri-urbanen Zonen;
  • féiert si grenziwwerschreidend Projeten an der Groussregioun, op europäeschem an internationalem Niveau duerch.
  • Den DATer handelt och als national Autoritéit fir verschidde Kooperatiounsprogrammer (Interreg Nordwesteuropa, Europa, Interact, URBACT) a spillt d’Roll vun der Gestiounsautoritéit fir d’Programm Interreg Groussregioun an d’Europäescht Observatiounsnetz fir Raumplanung a Kohäsioun (ESPON).