Departement fir Landesplanung

Organisatioun vum DATer

Den DATer ass a fënnef Servicer opgedeelt, dorënner dräi thematesch Servicer: 

  • Service fir regional Entwécklung,
  • Service fir territorial Strategie an Zukunftsanalys,
  • Service fir international Zesummenaarbecht an europäesch territorial Kooperatioun; souwéi zwou transversalen Servicer:
  • Service fir allgemeng Affären (Personal a Finanzen),
  • Service fir administrativ a juristesch Koordinatioun, inklusiv Kommunikatioun an Informatioun. 

Missiounen vun der Landesplanungspolitik 

D'Landesplanung ëmfaasst all Moossnamen, déi vum Staat an de Gemengen ergraff ginn, fir den nationale Territoire ze gestalten. Si soll d’Landschaften an d’Ressource schützen an d‘Regioune valoriséieren an eng rationell Buedemnotzung a Koordinatioun vun de Flächennotzungsuspréch garantéieren. Si zielt drop of, d’Liewensqualitéit vun der Bevëlkerung duerch eng nohalteg regional Entwécklung ze verbesseren an dobäi e strukturellt a wirtschaftlecht Gläichgewiicht tëscht de Regiounen z‘erhalen. Den DATer ass dofir zoustänneg fir Froen am Zesummenhang mat der Raumplanung op europäeschem, grenziwwerschreidendem, nationalem an interkommunalem Niveau. Den DATer ass och zoustänneg fir d'Gestioun vun europäesche Kooperatiounsprogrammer, dorënner Interreg Groussregioun an ESPON, a betreit d’Gestiounsstrukturen wéi den EVTZ Interreg Groussregioun, den EVTZ ESPON an d’IGE LERAS. E Mataarbechter vum DATer ass permanent bei der Vertriedung vu Lëtzebuerg bei der EU ofgestallt an ass zoustänneg fir d'territorial Kohäsioun op EU-Niveau. Hien representéiert Lëtzebuerg an de Groupe de travail vum Conseil an am COREPER. De Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung ass och zoustänneg fir d’Iwwerwaachung vun zwou Entwécklungsgesellschaften: AGORA S.à.r.l. an Nordstad Entwécklungsgesellschaft S.à.r.l.