Attributiounen
De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.
De Ministère koordinéiert déi allgemeng Politik vum Wunnengsbau a suergt fir hir Ausféierung.
- 
        
            
Appel à projets fir Jugendwunnengen: Eng bezuelbar Wunneng fir méi Autonomie a konkret Zukunftschancë vun de JonkenOp enger Konferenz iwwer d'Jugendwunnen den 12. Februar 2025 am Centre culturel Neimënster hunn de Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung an de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend e gemeinsamen Appel à projets lancéiert. 
- 
        
            
"Méi, a méi séier bauen" – Verwaltungsvereinfachung an en neien ëffentlech-private Partenariat fir méi abordabele WunnraumDen 19. Juni 2024, hunn de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, den Inneminister, Léon Gloden, an de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, d'Moossname fir déi geplangten administrativ Vereinfachung, esou wéi den neien ëffentlech-private Partenariat (PPP) fir d'Schafung vun abordabelem Wunnraum virgestallt, déi d'Regierung festgehalen huet fir de Wunnengsbau unzekuerbelen an ze vereinfachen. 
- 
        
            
            Neie Schwong fir de Wunnengsbau − Ënnerstëtzung fir Leit an HandwierkDen 31. Januar 2024, hunn de Premierminister, Luc Frieden, de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, an de Finanzminister, Gilles Roth, en éischte Mesurëpak presentéiert, deen haut am Regierungsrot ugeholl gouf. 
- 
        
            
Pressebriefing: Aarbechte vum RegierungsrotDe Livestream fänkt géint 13:45 Auer un. 
Aktualiséiert den
