Attributiounen
De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.
De Ministère koordinéiert déi allgemeng Politik vum Wunnengsbau a suergt fir hir Ausféierung.
-
Presentatioun vum éischten nationalen Aktiounsplang fir d'Ëmsetzung vun der Internationaler Konventioun iwwer d'Eliminatioun vun alle Forme vu rassistescher Diskriminatioun
Den 1. Dezember 2025, ass den nationalen Aktiounsplang fir d'Ëmsetzung vun der Internationaler Konventioun iwwer d'Eliminatioun vun alle Forme vu rassistescher Diskriminatioun virgestallt ginn.
-
Appel à projets fir Jugendwunnengen: Eng bezuelbar Wunneng fir méi Autonomie a konkret Zukunftschancë vun de Jonken
Op enger Konferenz iwwer d'Jugendwunnen den 12. Februar 2025 am Centre culturel Neimënster hunn de Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung an de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend e gemeinsamen Appel à projets lancéiert.
-
"Méi, a méi séier bauen" – Verwaltungsvereinfachung an en neien ëffentlech-private Partenariat fir méi abordabele Wunnraum
Den 19. Juni 2024, hunn de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, den Inneminister, Léon Gloden, an de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, d'Moossname fir déi geplangten administrativ Vereinfachung, esou wéi den neien ëffentlech-private Partenariat (PPP) fir d'Schafung vun abordabelem Wunnraum virgestallt, déi d'Regierung festgehalen huet fir de Wunnengsbau unzekuerbelen an ze vereinfachen.
-
Neie Schwong fir de Wunnengsbau − Ënnerstëtzung fir Leit an Handwierk
Den 31. Januar 2024, hunn de Premierminister, Luc Frieden, de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, an de Finanzminister, Gilles Roth, en éischte Mesurëpak presentéiert, deen haut am Regierungsrot ugeholl gouf.
Aktualiséiert den